Och dëst Joer spille mir nees Theater fir Iech an Dir dierft gespaant sinn, wat an engem Gemengenhaus alles geschitt, wa bis een Hippie, e puer Kichelcher an al Geheimnisser openeen treffen. Wéi de Buergermeeschter dat wuel kuerz virun de Wale gemeeschtert kritt?
Loosst Iech iwwerraschen a reservéiert Iech elo schonn ee vun den Datumen:
De 16., 17. an 18. Oktober heescht et nees:
Riddo op fir d‘ Trëntenger Bühn!!!
Méi Informatiounen zu der Reservatioun fann Dir hei op eiser Säit Ufank bis Mëtt September.
Mir freeën eis elo schonn op Äre Besuch!